The Conscious City Walk – Esch-sur-Alzette (LU)
rue d'Audun 4018 Esch an der Alzette

Wann Dir un eise franséisch an englesch-sproochegen Touren interesséiert sidd, da klickt w.e.g. op déi entspriechend Offeren.
The Conscious City Walk – Esch-sur-Alzette
Vun dem Tank-, Tubak- an Alkoholtourismus op der Grenz an déi verstoppten Ecker vum Stadkär; dës alternativ Tour duerch d’Stad Esch hëlt Iech mat op eng Rees bei inspiréierend, nohalteg, gesond a lokal Initiativen.
Mir diskutéiere net nëmmen d’Konsequenze vun eisem konsum- an emissiounsintensive Liewensstil a léiere méi iwwer eisen ekologesche Foussofdrock, mir entdecken och motivéierend Projeten, sief et a Saachen Transport, Iessen, Offall, Kleedung oder Gemeinschaftsliewen. Mir treffen d’Leit hannert de Kulissen, héieren hir Geschichten a léiere méi iwwert hir Motivatioun fir ze handelen.
Opgepasst: De Lieu de Depart ass net idem mam Point d’Arrivée. De Lieu d’Arrivée ass bei der Mesa, 1 Rue du Moulin, 4251 Esch-sur-Alzette.
Aschreiwung: https://bit.ly/3916dt2
Dëse Projet ass eng Zesummenaarbecht vun ASTM (Action Solidarité Tiers Monde) an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg.
Fir weider Informatiounen oder Froen schéckt eis w.e.g. eng E-Mail op citywalks@astm.lu.