Wien ass net fir den Nelson Mandela?

Wien ass net fir den Nelson Mandela?
Wéi den Donneschdeg Owend den Nelson Mandela gestuerwen ass, do sinn banne Sekonnen iwwerall an der ganzer Welt, an de soziale Medien, am Radio an op der Tele Noriff publik gemaach ginn.
Kaum ee Politiker, den de Nelson Mandela net als e grousse Staatsmann, als Kämpfer fir Fräiheet a Gerechtegkeet an als säi Virbild duergestallt huet.
Dës Unanimitéit ass sécher der onheemlecher Liewensleeschtung vun engem Mann geschellt, den grad déi Joere vu sengem Liewen, wou eisereen normalerweis am produktiivsten ass, huet missen am Prisong verbréngen.
An dat ënner Konditiounen, déi als eenzegen Zweck haten, hien a seng Matstreider moralesch a physesch ze briechen.
Virun allem awer dem Mandela säi Wierken nodeem hie frei komm ass, huet impressionéiert.
An zéie Verhandlungen huet hien déi politesch Gläichberechtegung vun der net-wäisser Bevëlkerung an der südafrikanescher Republik duerchgesat.
Et geet hei net ëm eng Bewäertung vun deem wat de Nelson Mandela an seng Partei, den ANC, erreecht hunn oder net.
Datt et haut ville schwaarze Südafrikaner nach ëmmer schlecht geet, ass sécher net vun der Hand ze weisen.
Déi Frostellung, déi eis hei interesséiert ass awer, firwat een, den an der Zäit net nëmme vun engem Ronald Reagan, engem Maggy Thatcher, vu CSV-Europadeputéierten oder Wort-Leitartikler als Terrorist bezeechent gouf, haut vu praktesch alle politesche Borden als Held duergestallt gëtt.
An den 1980er Joere waren et ONGen an Mënscherechtsorganisatiounen déi, och hei zu Lëtzebuerg, mat Aktiounen, Petitiounen awer och mat Solidaritéits-Veranstaltunge fir de Mandela op d’Situatioun an Südafrika opmierksam gemaach hunn.
Liest den Rescht vun der Carte Blanche op www.rtl.lu